Wéi kann ech Member ginn?

Et ass ganz einfach neie Member bei eis ze ginn. Benotz einfach dee groussen orange Button uerwe riets am Eck an du kënns op e Formular wou s du ausfëlle muss. Du kanns entscheede wéi eng Art Member s de gëss an muss duerno just nach de Virement mat der Cotisatioun maache.

Ass d’Loune vum Studio/ Dunkelkammer gratis?

Jo, all eis Reimlechkeete stinn gratis allzäit zur Verfügung fir eis aktiv Membere. Et muss een sech just intern an e Kalenner androe fir seng Zäit an de jeweilegen Espace ze réservéieren. Iert datt der fir d’éischt Kéier d’Reimlechkeete benotze kënnt, kritt dir eis d’Réglement nach ze ënnerschreiwen an eng kleng Aféierung.

Muss ech all 3 Wochen op de Clubowend komme?

Nee guer net! All eis Treffe si fräiwëlleg. Du kanns komme wéini s de wëlls an fir déi Aktivitéit déi dir gefällt.

Wéivill kascht d’Cotisatioun?

Fir Membre Actifs kascht d’Cotisatioun 30€. Fir d’Membre Donateur ass et e Minimum vun 10€. Si kënnen entscheede wéivill € si wëllen un de Club spende. Dës ass de Betrag fir 1 Joer.

Sinn d’Workshops gratis?

Eis intern Workshops am Club si fir Membere gratis allerdéngs wärte mir an Zukunft Workshops organiséiere mat bekannten Fotografen. Do kritt all Member e besonnegen Tarif. En Net-Member muss méi en deiere Präis bezuele.

Kann ech och als Net-Rëmelenger an de Club?

Sebstverständlech! Jiddfereen, den un der Fotografie passionéiert ass, ka kommen. Du muss net emol aus der Géigend sinn oder iwerhapt eng Kamera hunn oder wësse wéi ee fotograféiert. Mir stellen all d’Material zur Verfügung an bréngen dir d’Fotograféiere bäi.